Hämolytescht-urämescht Syndrom

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

D'hämolytescht-urämescht Syndrom (HUS) ass e seelent Syndrom, dat haaptsächlech kleng Kanner a Bëbeeë betrëfft, an dora besteet datt op d'mannst zwee vun de follgende Krankheetszeeche gläichzäiteg virleien: mikroangiopathesch hämolytesch Anemie, Thrombozytopenie an Niereversoen.

Deen heefegste Facteur deen dëst Syndrom ervirrifft ass Verotoxin, e bakteriellen Toxin. Et gëtt vum EHEC-Bakteerium, awer och vun aneren daarmschiedegende Keime gebilt.

Bei Hypovolemie a méisseger Niereninsuffizienz kann duerch e Glukos-Kachsalz-Baxter zesumme mam Diuretikum Furosemid hëllefen. Soss muss eng Dialysbehandlung ugefaange ginn. Bei prognostesch ongënschtege Fäll a bei TTP kënnt och eng Plasmapheres a Betruecht.