Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Häfner-Rapport, mam ganzen Numm Planungsstudie Luxemburg. Grundlagen und Leitlinien einer modernen gemeindepsychiatrischen Versorgung war den Numm vum Bilan, deen d'Zentralinstitut für seelische Gesundheit am Optrag vum Lëtzebuergesche Gesondheetsministère iwwer d'Situatioun vun der Psychiatrie zu Lëtzebuerg ausgeschafft hat, an am Juli 1992 publizéiert huet. Geschriwwen hunn de Rapport de Wulf Rössler, den Hans Joachim Salize an den Heinz Häfner, no deem e genannt gouf.

CHNP-Logo

De Rapport huet 270 plus 5 Indexsäiten a sollt e kritesche Bilan sinn, wéi d'psychiatresch Versuergung zu Lëtzebuerg organiséiert war, a wéi Lëtzebuerg am Verglach mat aneren europäesche Länner dru war. Dat Ganzt leeft dorop eraus, datt et zu Lëtzebuerg, wou bis deen Ament eng zentraliséiert Psychiatrie gouf, eng Gemengepsychiatrie sollt opgebaut ginn, déi et sollt erlaben, kleng Therapiezentre méi no bei de Patient ze bréngen.

Et geet kloer aus dem Rapport eraus, datt den déizäitegen Hôpital Neuro-Psychiatrique (HNP) a senge Strukturen komplett iwwerlieft war, an déi aner europäesch Länner fréi begraff haten, datt eng national psychiatresch Betreiung, sech op eng multidisziplinär Versuergung stäipe muss, déi iwwer dat ganzt Land verdeelt ass.

De "Building" vum CHNP

Am Häfner-Rapport, Kapitel 5.2.1.3. geet d'Ried vu mindestans véier sozialpsychiatreschen Zentren, déi iwwer dant ganzt Land sollt verdeelt sinn. Vun der Struktur hier gesinn, kéim de Centre de Santé Mentale an der Stad Lëtzebuerg der Virstellung vun den Auteure vum Rapport am noosten. Ganz nei sollt e sozialpsychiatreschen Zenter am Norden opgebaut ginn.

De Rapport bedauert, datt "nëmme ronn en Drëttel" vun de "ronn" 30 Neuropsychiateren um Opbau vum Inventaire am Kader vum Häfner-Rapport bedeelegt waren. De Rapport konstatéiert, datt vun de ronn 30 Neuropsychiateren, déi zu Lëtzebuerg a fräier Praxis schaffen, zwéin dovu si Kanner- a Jugendpsychiateren, regional ouni Ausnam an de Stied Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht an Ettelbréck verdeelt sinn. Méi eng gläichméisseg Verdeelung vun den Neuropsychiateren, déi ambulant schaffen, ass "op laang Siicht unzestriewen" (5.2.2.3.).

Zu all eenzele Punkt huet de Rapport kloer Recommandatioune ginn, déi op d'Mooss vun de spezifesch lëtzebuergescher Situatioun gemaach waren.

Haut änneren

Am Joer 2007, fofzéng Joer méi spéit ass an der gedréckter Press ze liesen, datt d'Direktioun vum "CHNP" bei der Presentatioun vun neien Ëmstrukturéierungpläng "ganz euphoresch" (Zitat "Wort") war. Den Direkter Marc Graas huet ë. a. erkläert, datt d'Patiente sou no wéi méiglech bei hirem Wunnuert "ënnerbruecht" solle ginn. Hien huet vun 11 Zentre geschwat, déi "an den nächste Joren" sollen existéieren. Bei der Presentatioun gouf och ernimmt, datt no der Ëmstrukturéierung den Numm vum aktuellen CHNP soll a Clinique psychiatrique réhabilitative änneren.

Aus dem Ettelbrécker CNHP-Héichhaus, deem säin therapeuteschen Notze vun Ufank un ëmstridde war, an an deem 2007 nach ëmmer 90 Patienten ënnerbruecht sinn, solle "spéitstens 2012" d'Patienten an déi nei Gebaier plënneren. De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo huet senger Freed Ausdrock ginn, datt sou séier eng Eenegung konnt fonnt ginn. An den Zeitunge gouf erkläert, datt den Ustouss fir d'Strukturreform engem Rapport aus dem Joer 2005, vum Schwäizer Psychiater, dem Professer Wulf Rössler ze verdanke wier.

Fir ze liesen änneren

Et sief op d'forum Nummeren 62 an 63 vun 1983 higewisen, déi an engem duebelen Dossier d'"Psychiatrie in Luxemburg" behandelen.
Den Index ass um Spaweck ze fannen: [1] an [2].