Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gustav Eduard Seydel, och Eduard Seydel, gebuer den 18. Mäerz 1822 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 30. September 1881 zu Dresden, dunn Kinnekräich Sachsen, war en däitsch-lëtzebuergesche Genremoler, deen zu der Düsseldorfer Malerschule gezielt gëtt.

Gustav Eduard Seydel
Gebuer 18. Mäerz 1822
Lëtzebuerg
Gestuerwen 30. September 1881
Dresden
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet op der Akademie vun Antwerpen, a vun 1843 bis 1846 op der Königlich Preußischen Kunstakademie zu Düsseldorf studéiert, wou e Schüler vum Karl Ferdinand Sohn a vum Rudolf Wiegmann war.[1]

Dono goung en op Dresden wunnen. 1847 huet hien eng éischt Kéier op der Dresdener Akademische Kunstausstellung ausgestallt.

De Seydel huet haaptsächlech Genremotiver gemoolt, méi spéit och Landschaften.

Wierker (Auswiel)

änneren
 
Gartenidylle
  • Ein guter Schluck, 1848
  • Reisende und Heuwagen an einer Bauernschenke, 1848
  • Dorffest in der Bauernschenke, 1854
  • In der Jagdhütte, 1856
  • Rastende Bauern vor einem Bauernhaus, 1862
  • Frühlingserwachen, 1867
  • Trauerbotschaft vom Schlachtfeld in Böhmen 1866, 1867, Galerie Neue Meister, Dresden
  • Forsthaus im Wald, 1872 (oder 1876)
  • Gartenidylle

Literatur

änneren
  • Seydel, Gustav Eduard. In: Friedrich von Boetticher: Malerwerke des neunzehnten Jahrhunderts. Beitrag zur Kunstgeschichte. Dresden 1898, Band 2, S. 743

Um Spaweck

änneren
Commons: Gustav Eduard Seydel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Bettina Baumgärtel, Sabine Schroyen, Lydia Immheiser, Sabine Teichgröb: Verzeichnis der ausländischen Künstler und Künstlerinnen. Nationalität, Aufenthalt und Studium in Düsseldorf. In: Bettina Baumgärtel (Hrsg.): Die Düsseldorfer Malerschule und ihre internationale Ausstrahlung 1819–1918. Michael Imhof Verlag, Petersberg 2011, ISBN 978-3-86568-702-9, Band 1, S. 440