Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der däitscher Buchmolerin an Nonn. Fir déi däitsch Adeleg, kuckt wgl. Guda vun Thüringen.

D'Guda, och heiansdo Guda vu Weissfauen, war eng däitsch Nonn, Buchmolerin a Scribe. Si huet am 12. Joerhonnert gelieft, an huet an engem Klouschter a Westfalen gedéngt a geschafft[1][2].

Guda
Gebuer 12. Joerhonnert
Gestuerwen 12. Joerhonnert
Nationalitéit Däitschland

D'Liewen an d'Originne vun der Guda si praktesch onbekannt. Si gouf fir hiren Homeliaire, a méi prezis fir hiren Autoportrait op enger Säit wäit bekannt. D'Bild huet och d'Beschreiwung : "Guda, peccatrix mulier, scripsit et pinxit hunc librum" (lb: "D'Guda, eng Sënnerin, huet dëst Buch geschriwwen an dekoréiert")[2]. Et ass ee vun den éischten Autoportraiten an der Geschicht vun der "westlecher" Konscht, an och ee vun den éischte weiblechen Autoportraiten[3]. Déi meescht Wierker vum Mëttelalter waren anonym, an d'Eegenzouschreiwung als Auteur war ongewéinlech a rar[4],[5].

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. http://archive.li/F7LNx
  2. 2,0 2,1 https://www.brooklynmuseum.org/eascfa/dinner_party/heritage_floor/guda
  3. Où est l'artiste? / Jean-Pierre Bertin-Maghit. — Université Michel de Montaigne Bordeaux, 2007. — Vol. 3. — P. 172.
  4. Jo Catling. A History of Women's Writing in Germany, Austria and Switzerland. — Cambridge University Press, 2000. — P. 13.
  5. https://journals.openedition.org/clio/1602