Guadalquivir

Floss a Spuenien


De Guadalquivir ass mat enger Längt vu 602 km ee vun deene längste Flëss a Spuenien. En entspréngt an der Sierra de Cazorla a leeft bei Sanlúcar de Barrameda an de Golf vu Cádiz. Säin Numm ass vum arabesche Wuert Wadi al-Kabir - "Grousse Floss" ofgeleet. An der Antiquitéit hat de Floss de laténgeschen Numm Baetis (och: Betis).

Guadalquivir
Längt 657 km
Debit 164,3 m³/s
Fläch vum Baseng 56.978 km²

Um Guadalquivir leien d'Stied Córdoba a Sevilla. Bis Sevilla ass de Floss och fir Héichmierschëffer schëffbar.

Wichtegst Nieweflëss si Genil, Guadalbullón a Guadiana Menor.

Um Spaweck änneren

Commons: Guadalquivir – Biller, Videoen oder Audiodateien