Great Scott (Moundgestengs)

De Great Scott, oder wëssenschaftlech och Lunar Sample 15555 genannt, ass e Moundgestengs aus Basalt, dat wärend der Apollo-15 Missioun entdeckt gouf an op d'Äerd matbruecht gouf. Et gouf no sengem Entdecker, dem Astronaut David Scott genannt.[1] De Moundstee war éier en opgespléckt gouf, mat 9,614 Kilogramm de schwéierste vun alle Steng déi vun Apollo-15 mat op d'Äerd bruecht goufen. No Informatioune vun der NASA hat sech de Stee viru ronn 3,3 Milliarde Joer kristalliséiert.[2]

Great Scott a ganzer Gréisst
Fondplaz vum Great Scott

Cheemesch Zesummesetzung änneren

De Great Scott gouf op d'mannst vu véier verschiddene Wëssenschaftler op seng cheemesch Zesummensetzung iwwerpréift.

Gestengsaart Longhi et al. (1972) McGee et al. (1977) Heurer et al. (1972) Nord et al. (1973)
Olivin 12.1 5-12 20 20
Pyroxene 52.4 52-65 40 40
Plagioklase 30.4 25-30 35 35
Opaque 2.7 5 0 0
Mesostasis 2.3 0.2-0.4 5 5
Silica 0 0.3-2 0 0

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Analyse von Great Scott, offizielles NASA-Dokument nasa.gov, gekuckt den 3. Februar 2019
  2. Lunar Sample Atlas lpi.usra.edi, gekuckt den 3. Februar 2019