De Granville Tailer Woods, gebuer den 23. Abrëll 1856 zu Columbus am Ohio, USA a gestuerwen den 30. Januar 1910 zu New York City an New York, USA, war en US-amerikaneschen Erfinder mat méi wéi 50 Patenter.[1] Hie war och, nom Sezessiounskrich, den éischten Amerikaner mat afrikanesche Virfahren an der Positioun vun engem Ingenieur fir Mechanik an Elektronik.[2] Hie war en Autodidakt, an huet säi Liewenswierk op Zich an Tramme konzentréiert. Ënner senge bemierkenswäerten Erfindunge war d'Multiplex Telegraphie,[3] eng Ariichtung fir Noriichten tëscht Garen an Zich, déi ënnerwee waren, ze iwwermëttelen. Seng Aarbecht huet den ëffentlechen Transport méi sécher gemaach.

De Granville T. Woods 1887

Literatur änneren

  • (en) David L. Head: Granville T. Woods: African-American Communications and Transportation Pioneer. RoseDog Books, Pittsburgh (USA) 2013). ISBN 978-1-4349-7841-7
  • (en) Rayvon Fouché: „Liars and Thieves: Granville T. Woods and the Process of Invention“, Black Inventors in the Age of Segregation: Granville T. Woods, Lewis H. Latimer, and Shelby J. Davidson. The Johns Hopkins University Press, Baltimore (USA) 2003. ISBN 0-8018-7319-3, S. 26-81
  • (en) Alonzo Louis Hall: The Ancient, Medieval, and Modern Greatness of the Negro. Striker Print, Memphis (USA) 1907, S. 158.
  • (en) James T. Haley: Afro-American Encyclopedia; or, the Thoughts, Doings, and Sayings of the Race. Haley & Florida, Nashville (USA) 1895, S. 225 a 576-578
  • (en) William J. Simmons: Men of Mark: Eminent, Progressive and Rising. George M. Rewell & Co., Cleveland (USA) 1887, S. 106-112

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (en) „Granville Woods“, The Black Inventor On-Line Museum [= Den Online-Musée fir déi schwaarz Erfinder]. Ofgeruff den 10. Februar 2013.
  2. (en) „Interesting Statistics of the Colored Race“, Arizona sentinel and Yuma weekly examiner (Yuma, Arizona, USA), Donneschdeg den 9. Mee 1912, S. 2, Kol. 3
  3. (en) „Induction Telegraphy System“ (1885), U.S. Patentnummer 373,915, duerch de Granville T. Woods op Google Patents.