Gracht ass am Allgemengen den hollännesche Begrëff fir Gruef oder Kanal.

Grachtekaart vun Amsterdam

Am méi enke Sënn gi "Grachten", an Holland an a Flandern déi schmuel, kënschtlech ugeluecht Waasserstroossen an de Stied genannt.

Am bekanntste sinn d'Grachte vun Amsterdam, déi a konzentresche Réng ronderëm d'Alstad ugeluecht goufen.

De Reseau vun am Ganzen enger 80 km gouf 1612 op Initiativ vum Buergermeeschter Frans Hendrickzn Oetgens, dem Baumeeschter Hendrick Jacobsz Staets an dem Geometer Lucas Jansz Sinck amenagéiert. E war geduecht fir e kammouden Transportwee fir Wueren ze hunn, an och fir d'Irrigatioun a fir Verdeedegungszwecker.

Déi wichtegst Grachten zu Amsterdam sinn:

Um Spaweck änneren

Commons: Canals in Amsterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien