Gréngwäsch ass e Portemanteau-Wuert, dat aus dem engleschsproochege Raum staamt, an ofgeleet ass vun der Faarf Gréng an dem Ausdrock wäisswäschen.

Den Ausdrock Gréngwäsch ass 1992 am Ëmfeld vun Ëmweltschützer entstanen, déi d'United Nations Conference on Environment and Development, d'UNO-Konferenz fir Ëmwelt an Entwécklung zu Rio de Janeiro als Affer vu staarke Lobbygruppe gesinn hunn, déi Firmaen, déi fir grouss Ëmweltschied responsabel sinn, an der Weltëffentlechkeet sollte wäisswäschen.

Zanterhier schaffe grouss Publicitéitsfirme Campagnen aus, fir Firmen, déi e schlechte Ruff hunn, no an no duerch manipuléiert Pseudoinformatiounen an der geschriwwener Press an iwwerhaapt als verantwortungsbewosst Ëmweltretter dohinzestellen.

Fir ze liesen änneren

  • Meister der Verdrehung am Der Spiegel, Nummer 31, 2006, S. 72ff.

Um Spaweck änneren