D'Gréngalgen (Chlorophyta) sinn eng Grupp vun Algen, déi Fotosynthes mat Hëllef vum Chlorophyll a a b bedreiwen.

Gréngalgen
Pediastrum duplex
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzen
Ofdeelung Gréngalgen
Wëssenschaftlechen Numm
Chlorophyta
Pascher, 1914, emend. Lewis & McCourt, 2004

Weltwäit gëtt et zirka 6.000 Aarte vu Gréngalgen. Vill vun hinne liewen als Eenzeller, anerer bilden Organismen aus e puer Dosende vun Zellen, oder och laang Fiedem oder makroskopesch grouss Organismen am Waasser.

Déi allermeescht Gréngalge liewen am Waasser, eng Rëtsch och um Land op fiichte Plazen. Anerer liewen als Symbionten am Kierper vun aneren Organismen (z. B. dem Grénge Séisswaasserpolyp, Hydra viridis, Plattwierm...), oder och zesumme mat Pilzen als Symbionten an de Flechten.

Systematik änneren

  • Gréngalgen (Chlorophyta)
    • Prasinophyta
      • Klass Prasinophyceae (5 Uerdnungen a bis zu 30 Aarten)
    • Pedinophyta
        • Gattung Pedimonas (3 Aarten)
    • Chlorophycota
      • Klass Chlorophyceae (24 Uerdnungen a bis zu 1000 Aarten)
        • Uerdnung Chlorococcales
          • Gattung Chlorella
      • Klass Charophyceae (3 Uerdnungen)

Um Spaweck änneren

Commons: Gréngalgen – Biller, Videoen oder Audiodateien