Gjilan
Gjilan / Gjilani Gnjilane / Гњилане | |
---|---|
![]() Vue op Gjilan | |
Land | ![]() |
Verwaltungseenheet: | Distrikt Gjilan |
Koordinaten | 42° 27’ 53’’ N 21° 28’ 1’’ O |
Fläch | 385 km² |
Awunnerzuel: | 90.178[1] (2011) |
Héicht: | 508 m |
Websäit | http://kk.rks-gov.net/gjilan |
Gjilan (op Albanesch: Gjilan oder Gjilani, op Serbesch: Gnjilane oder Гњилане) ass eng Gemeng am Oste vum Kosovo. Si besteet aus der Stad mam selwechten Numm an 42 klengen Dierfer.
BevëlkerungÄnneren
Der Vollekszielung 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (97%), virun den Tierken an de Serben. Dowéinst sinn d'offiziell Sproochen an der Gemeng Albanesch, Serbesch an Tierkesch.[1]
Virum Krich am Joer 1999 hunn an der Gemeng ronn 25.000 kosovaresch Serben a 6.000 kosovaresch Roma gelieft. Obwuel an de leschten zéng Joer e puer vun hinnen zréckkomm sinn, ass d'Majoritéit deplacéiert bliwwen.[1]
Awunner | Zuel | Prozent |
---|---|---|
Albaner | 87.814 | 97,37% |
Tierken | 978 | 1,08% |
Serben | 624 | 0,69% |
Roma | 361 | 0,40% |
Bosnier | 121 | 0,13% |
Gorani | 69 | 0,07% |
Ashkali | 15 | 0,01% |
Egypter | 1 | / |
Anerer | 95 | 0,10% |
Net spezifiéiert | 100 | 0,11% |
EconomieÄnneren
Bis an d'1999 war Gjilan e wichtegen Industriezentrum mat enger Rei profitabel Fabricken, vun deenen ënner anerem d'Tubaks- an d'Heizkierperfabricken iwwerlieft hunn.
GalerieÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)