Den Giuseppe Farinelli, gebuer als Giuseppe Francesco Finco de 7. Mee 1769 zu Este, a gestuerwen den 12. Dezember 1836 zu Triest, war en italieenesche Komponist, dee virun allem Opere komponéiert huet.

Giuseppe Farinelli
Gebuer 7. Mee 1769
Gestuerwen 12. Dezember 1836
Triest
Aktivitéit Komponist

Säi Studium huet hie beim Lionelli zu Este a beim Martinelli zu Venedeg gemaach. Seng éischt Oper Il dottorato di Pulcinella vun där de Libretto 1792 publizéiert gi war, war eng Farce. Säin zweet Wierk, eng Komesch Oper L'uomo indolente hat seng Uropféierung zu Neapel am Joer 1795; an duerno koumen der nach iwwer 50. Seng lescht Oper war La donna di Bessarabie.

Vun 1810 bis 1817 huet de Farinelli zu Turin gewunnt an 1819 ass hien op Triest geplënnert, fir do als Kapellmeeschter, als Organist an der Kathedral an als Dirigent am Trieste Teatro Grande ugestallt ze ginn.

Säi gréisste Succès hat hie mat der Oper Teresa e Claudio, eng Opera buffa an zwéin Akten, déi den 9. September 1801 zu Venedeg uropgefouert gouf, a bei där d'Handlung sech zu London um Enn vum 18. Joerhonnert ofspillt. De Libretto war vum Giuseppe Maria Foppa no engem Text vum Giovanni Greppi.

Nieft sengen Operen huet hien nach 5 Massen, 2 Te Deum, 2 Oratoriumen, ee Stabat Mater, aner Kierchemusek an dräi Sonate fir Pianoforte a Gei geschriwwen.

Auswiel vu sengen Operen änneren

  • Il dottorato di Pulcinella (Giovanni Battista Lorenzi), op.buf. (1792 Neapel, Cons. della Pietà dei Turchini)
  • Amore e dovere op.buf. (1797 Rom, Teatro Aliberti)
  • Annetta o La virtù trionfa (Giulio Artusi), op.buf. 1 Akt (11. Jan. 1800 Venedeg, S. Samuele)
  • Bandiera d'ogni vento o sia L'amante per forza (Giuseppe Maria Foppa), op.buf. 1 Akt (30. Jan. 1800 Venedeg, S. Benedetto)
  • La Pulcella di Rab o Rullo e Dallaton (Antonio Simone Sografi), op.buf. (Mee 1802), Triest, Teatro Grande
  • La tragedia finisce in commedia (Giulio Artusi), op.buf. 1 Akt (5. Juni 1804 Venedeg, S. Moisè)
  • Attila (Gaetano Rossi), op.buf. 2 Akten (Mee 1806 Livorno, Teatro Carlo Lodovico)