Gilzem ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Gilzem
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 429
 (31. Dezember 2022)
Fläch 4998 ha
Héicht 350 m
Koordinaten 49° 52’ 04’’ N
      06° 31’ 08’’ O
Telefonszon 06506
Postcode 54298
Websäit http://www.suedeifelinfo.de

Geschicht änneren

Gilzem gouf eng éischt Kéier 1212 an enger Charte vum Äerzbëschof vun Tréier, dem Johann I. als „Gelime“ ernimmt. Méi spéit gouf et och alt „Gelisheim“ a „Geilsheim“ genannt.

Bis de 7. November 1970 huet Gilzem zum Landkrees Tréier-Saarburg gehéiert; vun do un ass et an den nei geschaafte Landkrees Béibreg-Prüm integréiert.[1]

Bevëlkerung änneren

Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):

  • 1815 – 205
  • 1835 – 266
  • 1871 – 299
  • 1905 – 346
  • 1939 – 366
  • 1950 – 363
  • 1961 – 356
  • 1967 – 355
  • 1970 – 379
  • 1977 – 375
  • 1982 – 376
  • 1987 – 353
  • 1992 – 364
  • 1997 – 370
  • 2002 – 389
  • 2005 – 413
  • 2007 – 424
  • 2009 - 415

Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

Interessantes änneren

1987 gouf zu Gilzem e 436 g schwéiere Meteorit fonnt.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Gilzem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Amtliches Gemeindeverzeichnis 2006, Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz, Seite 160
  2. Die Meteoritenjäger von Apolda