Giant Metrewave Radio Telescope

D'Giant Metrewave Radio Telescope (GMRT), steet ronn 80 km nërdlech vu Pune, Indien, an enger Héicht vu 588 m. Et ass dat weltgréisst Radioteleskop fir Wellelängte am Meterberäich.

Giant Metrewave Radio Telescope

De GMRT ass e Radiointerferometer a besteet aus 30 Antenne mat jee 45 m Reflekterduerchmiesser. 14 Antenne sinn iwwer en zentraalt Gebitt vu ronn engem Quadratkilometer verstreet. Déi aner 16 verdeele sech an Y-fërmegen Äerm an hunn eng maximal Basislängt vu 25 km. De GMRT gëtt vum Tata Institute of Fundamental Research bedriwwen.

De GMRT huet Empfänger fir Frequenze vun 151, 235, 325, 610 an 1000-1420 MHz. Duerch déi op der Standplaz nach relativ niddreg vum Mënsch ausgeléist Radiostéierstralung an déi grouss Antennen ass et bei niddrege Frequenze méi leeschtungsfäeg wéi d'Very Large Array. Als Reflekter ka bei dëse Wellelängte relativ bëlleg een dënnt Metallnetz gebraucht ginn.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie