D'Gerlinde Sämann, gebuer 1969 zu Nürnberg, ass eng däitsch Sopranistin.

Gerlinde Sämann
Gebuer 1969
Nürnberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Hochschule für Musik und Theater München
Aktivitéit Museker, Operesänger

Si huet zu München am Richard-Strauss-Konservatorium Piano a Gesank studéiert.

Déi blann Sängerin ass an der aler awer och an der moderner Musek doheem.

Si hat schonn Optrëtter mat ënner anerem dem Dresdner Kreuzchor, dem Choeur de chambre Accentus an dem Chouer Arsys Bourgogne. Zu Bordeaux huet si mat dem Ensembel La petite bande ënner dem Sigiswald Kuijken Solo-Bachkantate gesongen. Am Joer 2004 huet si zu Rostock d'Roll vun der Eurydike am Christoph Willibald Gluck senger Oper Orfeus und Eurydike gesongen.

Am Februar 2006 huet si an der Philharmonie an der Stad bei der Opféierung vum Mozart sengem Requiem ënner dem Pierre Cao mat dem Orchester Concerto Köln an dem Chouer Arsys Bourgogne matgewierkt.

Disken (Auswiel) änneren

  • Heilige Nacht, "Christmas music" , Hassler Consort (Dabringhaus & Grimm 2001)
  • Vêpres sous Charles VI á Vienne, Arsys Bourgogne, (Ambroisie 2002)
  • Biber Requiem, Arsys Bourgogne, (Ambroisie 2003)

Um Spaweck änneren