Gerhard
männleche Virnumm
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Gerhard (och alt Gerhardt) ass, am däitschsproochege Raum a ronderëm, e geleefege männleche Virnumm an e Familljennumm. Et ass eng Variant vum franséische Gérard.
Gerhard | |
---|---|
Geschlecht | männleche Virnumm |
Namensdag | 29. Januar, 8. Mäerz oder 23. Abrëll |
Ursprong | |
Sprooch | Alhoudäitsch |
Varianten | |
Alternativen | Gérard, Gérald, Giraldo, Gerrit, Gerardo, Gellért, Gerardus, Girard, Gerold |
Spëtznumm | Jir, Jerr, Jirend, Jierend |
Änleche Familljennumm | Gerhard |
Ursprong a Bedeitung vum Numm
ännerenGerhard gëtt aus dem Alhoudäitsche ger = „Speer“ an harti = „haart“, „staark“ zesummegesat.
Namensdag
ännerenDe Gerhard huet säin Namensdag den 29. Januar, 8. Mäerz oder 23. Abrëll oder 24. September[1].
Varianten an Ofkierzungen
ännerenVarianten am Lëtzebuergesche sinn: Jir, Jerr, Jirend, Jierend[2].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gérard, Gérald, Giraldo, Gerrit, Gerardo, Gellért, Gerardus, Girard, Gerold
Leit mam Numm Gerhard
ännerenËnner de Leit mat deem Numm sinn:
Gerhard als Virnumm
änneren- Gerhard Gnann (* 1962), däitschen Organist a Museksprofesser
- Gerhard Mercator (1512–1594), Geograph a Kartograph aus de Spueneschen Nidderlanden
- Gerhard Riedmann (1925–2004), éisträichesche Schauspiller
- Gerhard Schröder (* 1944), däitschen SPD-Politiker
- Gerhard vu Cambrai (975-1051), Bëschof vu Cambrai
- Gerhard Zeiler (* 1955), éisträichesche Manager am Medieberäich
Gerhard als Familljennumm
änneren- Andrea Gerhard (*1983), däitsch Schauspillerin
- Christopher Gerhard (*1967), däitsche Liichtathleet
- Johann Ernst Gerhard (1621–1668), Theolog
- Wilhelm Gerhard (1780-1858), däitschen Dramaturg
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Virnumm Gerhard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Familljennumm Gerhard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Namenstage Online - namenstage.katholisch.de. namenstage.katholisch.de. Gekuckt de(n) 18.10.2023.
- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 18.10.2023.