Georges Jacquemart
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Georges Jacquemart, gebuer de 6. Abrëll 1948, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur an Universitéitsdozent, deen an Amerika lieft. Hien ass do e bekannte Verkéierstechniker an Expert fir d'Plange vu Stied. Hien ass och als Beroder erugezu gi fir den Erëmopbau vum World Trade Center zu New York.
Georges Jacquemart | |
---|---|
Gebuer | 6. Abrëll 1948 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur |
De Georges Jacquemart huet op den Universitéite vu Lausanne a Stanford Ingenieur studéiert. Seng Carrière huet en a Kalifornien ugefaangen an hien ass duerno 1980 op New York geplënnert. Do ass e un der Entreprise Backhurst, Fish & Jacquemart bedeelegt. Donieft gëtt hien och Coursen op der New York University.
Publikatiounen
änneren- Roundabouts - An international Guide, 2000
- Getting Lower Manhattan Moving Again, 2002
Literatur
änneren- Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt, S. 93: Georges Jacquemart, Éditions Luxnews, 2003 ISBN 2-9599932-2-5