Georges Brassens

franséische Sänger

De Georges Brassens, gebuer den 22. Oktober 1921 zu Sète, enger franséischer Fëschergemeng um Mëttelmier am Departement Hérault, a gestuerwen den 29. Oktober 1981 zu Saint-Gély-du-Fesc, eng 15 Kilometer nërdlech vu Montpellier, war e franséische Chanson-Sänger, dee sech op der Gittar begleet huet, a Komponist.

Georges Brassens
Gebuertsnumm Georges Charles Brassens
Gebuer 22. Oktober 1921
Sète
Gestuerwen 29. Oktober 1981
Saint-Gély-du-Fesc
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Liddermécher
De Georges Brassens, 1964, fotograféiert vum Erling Mandelmann

Säi Liewen

änneren

De Louis Brassens, e Steemetzer a seng Fra Elvira Dagrosa, eng Krichswittfra mat neapolitaneschen Originnen, haten zwee Kanner. D'Simone, gebuer 1912, dat d'Elvira aus hirem éischte Bestietnes hat, an de Georges.

D'Mamm hat eng déif Frëmmegkeet mat an d'Famill bruecht, ganz am Géigesaz zu hirem Mann, engem notoresche "Pafefrësser".

De Georges war e „mëttelméissege“ Schüler, dee sech fréi fir Dichtung intresséiert huet. Hie gouf vu sengem Franséischprofesser, dee méi spéit säin éischte Biograph war, doran ënnerstëtzt. Dat war déi Zäit, an där de Brassens Liddertexter geschriwwen huet an e klengen Orchester gegrënnt huet, an deem hie Batterie gespillt huet, a mat deem en an der Géigend opgetrueden ass.

Mat der Schoul hat hien es genuch, wéi en 1939 an eng Déifstallsaffär a sengem Lycée erageroden ass, a mat 18 Joer wollt hien op Paräis. Am Februar 1940 war et sou wäit, de Georges hëlt den Zuch, fiert op Paräis, a wunnt do bei senger Tatta, der Antoinette Dagrosa, a schafft an der Autosfabrik Renault.

1943 gouf en agezunn fir an den Aarbechtsdéngscht, de Service du travail obligatoire.

Nom Zweete Weltkrich goung de Brassens op Paräis zeréck, an huet do en Ënnerdach an der Impasse Florimont am XIV. Arrondissement, bei der Jeanne Le Bonniec, fonnt.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Discographie

änneren

Laangspillplacken

änneren
  • 1952 - 1955: La mauvaise réputation
  • 1953 - 1954: Les amoureux des bancs publics
  • 1953 - 1956: Chanson pour l'auvergnat
  • 1956 - 1957: Je me suis fait tout petit
  • 1958 - 1960: Le vieux Léon
  • 1960 - 1961: La traîtresse
  • 1961 - 1962: Les trompettes de la renommée
  • 1964: Les copains d'abord
  • 1966: Supplique pour être enterré à la plage de Sète
  • 1969: Misogynie à part
  • 1972: Fernande
  • 1976: Trompe la mort
  • Elle est à toi cette chanson, Universal
  • Auprès de son arbre, 2006, Warner

Bibliographie

änneren
  • Alain Poulanges: Passion Brassens, Édition Textuel
  • Jean-Paul Sermonte: Au bois de son coeur, Éditions Didier Carpentier
  • Mario Poletti: Brannssens, l'ami, Éditions du Rocher
  • Les manuscrits de Brassens, Édition Textuel
  • René Fallet: Georges Brassens, Éditions Denoël
  • Émile Miramont: Brassens avant Brassens, Éditions de l'Archipel
  • Louis Nucéra: Brassens, délit d'amitié, Éditions de l'Archipel

Georges Brassens: Lettres à Toussenot 1946-1950, Édition Textuel

  • La tour des miracles, 1953
  • La mauvaise Réputation, 1954
  • Chansons, 1968

Um Spaweck

änneren
Commons: Georges Brassens – Biller, Videoen oder Audiodateien