GeoEye ass den Numm vun der weltgréisster Entreprise fir Satellittefotoen an d'Bereetstelle vun Date fir Geoinformatiounssystemer. Hire Sëtz ass zu Dulles am US-Bundesstaat Virginia a gouf am Januar 2006 nom Iwwerhuele vum Space Imaging duerch d'Orbimage Holdings Inc gegrënnt. Mat senge ronn 300 Mataarbechter erreecht se nom Zesummeschloss en Ëmsaz vu méi wéi 200 Milliounen US-Dollar.

GeoEye betreift dräi Observatiounssatellitte mat enger Uertsopléisung vu besser wéi 1 m: OrbView-2, OrbView-3 an IKONOS. E weidere Satellit, GeoEye-1, ass zanter Oktober 2008 asazbereet.

D'Spillëmgéigend vun der Videospillrei Tom Clancy’s H.A.W.X baséiert op GeoEyes Technik.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren