Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

E Gemengereglement – och nach kommunaalt Reglement oder Règlement communal – ass e Reglement dat de Gemengerot hëlt an dat bannent de Limitte vun der Gemengegrenze gëllt. Dës reglementaresch Muecht bezitt sech op alles vu reng kommunalem Interessi an huet seng Basis am Artikel 107 vun der Constitutioun[1].

E Gemengereglement däerf net géint Gesetzer oder allgemeng Verwaltungsreglementer (groussherzoglech oder ministeriell Reglementer) verstoussen.

Am Fall vun enger Revolt, vu feindlechen Attruppementer oder wann eng Gefor fir den ëffentleche Fridde besteet, kann de Schäfferot en Drénglechkeetsreglement huelen, dat awer an der nächster Sëtzung vum Gemengerot muss confirméiert ginn[2].

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Besch, Marc. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois (Vademecum). Windhof: Promoculture-Larcier.

Referenzen an Notten änneren

  1. Art. 107. – « Le conseil communal (…) fait les règlements communaux »
  2. Art. 58. – « En cas d'émeutes, d'attroupements hostiles, d'atteintes ou de menaces graves à la paix publique ou d'autres événements imprévus, lorsque le moindre retard peut occasionner des dangers ou des dommages pour les habitants, les bourgmestres et échevins peuvent faire des règlements et ordonnances de police (…). Ces règlements et ordonnances cessent immédiatement d'avoir effet, s’ils ne sont pas confirmés par le conseil communal à sa prochaine séance
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch M., an der Literatur