Gemeng Wuermer

(Virugeleet vu(n) Gemeng Wuermeldeng)

D'Gemeng Wuermer, op Miseler Wormer, d'"Rieslingsgemeen", ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Haaptuertschaft ass Wuermer.

Wuermer
Coat of arms wormeldange luxbrg.png
Mairie Wormeldange 01.jpg
Wuermerer Gemengenhaus (2014)
Aussprooch


An anere Sproochen fr: Wormeldange
de: Wormeldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Buergermeeschter Max Hengel
Awunner 2.970 (1 Januar 2020)
Fläch 1.725 ha
Koordinaten 49° 36’ 43’’ N
06° 24’ 22’’ O
Websäit http://www.wormeldange.lu/
Map Wormeldange.PNG
D'Gemeng Wuermer (orange)
am Kanton Gréiwemaacher (rout)
Bléck vun der Köppchen aus op Wuermer

Uertschaften an der GemengÄnneren

Häff a Lieu-ditenÄnneren

GeographieÄnneren

D'Gemeng Wuermer läit op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 140 an 340 m iwwer NN. Mat zirka 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d'Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermer déi gréisst Wäibaufläch am Land.

Nopeschgemenge si Gréiwemaacher am Norden, Fluessweiler a Lenneng am Westen a Stadbriedemes am Süden.

Zu Éinen lafen d'Gouschtenger Baach an d'Lennenger Baach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermer leeft d'Albaach an zu Ohn leeft d'Donwer Baach an d'Musel.

GeschichtÄnneren

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

Buergermeeschteren[1]Änneren

Fréier Gemeng MeechtemÄnneren

  • bis Mee 1820: Dominique Weydert
  • Mee 1820 - Sept. 1823: Pierre Apel

De Pierre Apel ass am Oktober 1823, wéi Meechtem eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer gouf, den zweete Schäffe ginn

Gemeng WuermerÄnneren

  • ....
  • bis 1823: Joseph Heynen, Éinen
    • bis 1823: Michel Eischen (maire-adjoint)
  • Okt. 1823 - Okt. 1830: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1830 - 1836: Theodor Eichhorn, Wuermer
  • 1836 - 1839: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • Aug. 1839 - Abr. 1842: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1842 - 1848: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • 1848 - 1854: Jean Wurth, Wuermer
  • 1854 - Jan. 1855: Mathias Wawer, Éinen
  • Mäerz 1855 - Dez. 1861: Egidius Gindt, Wuermer
  • Jan. 1862 - Dez. 1863: Michel Fohl, Éinen
  • Mäerz 1864 - 1866: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1867: Albert Wawer, Éinen
  • 1867 - 1878: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1878 - 1879: Heinrich Ley, On
  • 1879 - 1884: Gustav Eichhorn, Wuermer
  • Feb. 1885 - Jan. 1898: Pierre Pundel, Uewerwuermer
  • Juni 1898 - Feb. 1906: Nicolas Pundel, Wuermer
  • 1906: Pierre Kass, Éinen
  • Okt. 1906 - Juli 1911: Dr. Leo Pundel, Wuermer
  • Jan. 1912 - Dez. 1917: Johann Becker, Éinen
  • Jan. 1918 - Dez. 1920: Dr. Franz Wurth, Wuermer
  • 1921: Nicolas Steichen, Meechtem
  • Jan. 1921 - 1933: Pierre May, Éinen
  • 1934: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1935 - 1941: Pierre Berna, Ohn
  • 1946 - 1963: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1964 - 1974: Aly Duhr, Ohn
  • 1974 - 1993: Joseph Pundel, Wuermer
  • 1994 - 1999: Carlo Wagner, Wuermer
  • 1999: Jeannot Frantz, Wuermer
  • 2000 - 2008: Ernest Demuth
  • 2008 - 2017: Jean Beining
  • zanter 2017: Max Hengel

VerkéiersubannungÄnneren

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch déi ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.

D'Wuermerer Bréck ass eng vun de fënnef Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.

SchoulenÄnneren

D'Gemeng Wuermer bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweiler eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibuer. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.

JumelagenÄnneren

Wuermer ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.

Bekannt Awunner vun der GemengÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Wuermer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Wuermer – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Wuermer.