Haaptmenü opmaachen

GeographieÄnneren

D'Gemeng Konter läit südëstlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 255 an 340 m iwwer NN.

Nopeschgemenge si Sandweiler a Schëtter am Norden, Lenneng a Waldbriedemes am Osten, Duelem a Weiler zum Tuerm am Süden an Hesper am Westen.

D'Baach Sir leeft vu Südwesten no Nordosten queesch duerch d'Gemeng.

Uertschaften an der GemengÄnneren

Häff a Lieu-diten an der GemengÄnneren

GeographieÄnneren

Laanscht den CR234 läit d'Industriezon «Am Weihergewan»

VerkéiersubannungÄnneren

Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'N2 an d'N28. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 132, 153, 226 an 234 duerch d'Gemeng.

D'Eisebunnsstrecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Alzeng-Éiter duerchlafen d'Gemeng an treffen an der Uertschaft Éiter openeen.

GeschichtÄnneren

Den Numm Konter daucht fir d'éischt an engem Dokument aus dem Joer 879 op. An enger Bull vum Poopst Honorius II. aus dem Joer 1128 gëtt den Numm déi éischt Kéier offiziell erwähnt. Et gëtt awer keen Zweiwel dat d'Vergaangenheet vu Konter bis a vir-réimesch Zäiten zréckgeet.

Aus der Réimerzäit stamen d'Reschter vun engem Tempel, vun e puer Villen an engem Aqueduc déi am Zentrum vun der Uertschaft Konter fonnt goufen.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

 

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Konter gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

No de Gemengewale vun 2011 huet de Schäfferot sech op eng Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng gestäipt. Zanter deene vun 2017 ass et eng CSV-LSAP-Koalitioun; Buergermeeschtesch ass d'Marion Zovilé-Braquet.[1]

ZesummesetzungÄnneren

Joer CSV DP gréng LSAP
2005 3 4 - 4
2011 4 3 2 2
2017 5 2 2 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

InfrastrukturÄnneren

SchoulenÄnneren

D'Gemeng Konter huet eng Zentralschoul mat Sportzentrum fir d'Spillschoul- a Grondschoulklassen (Schoul um Ewent) an der Uertschaft Konter um CR226 (rue de Syren).

KuckeswäertesÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. "Marion Zovilé-Braquet gëtt nei Buergermeeschtesch vu Conter." rtl.lu, 26.10.2017, 15:52:08.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844