Gazprom (Газпром) ass déi weltwäit gréisst Äerdgasexploitatiounsentreprise an déi gréisst russesch Gesellschaft. Si gouf 1989 gegrënnt wéi de sowjetesche Ministère vun der Gasindustrie sech selwer an eng Gesellschaft transforméiert huet mat all sengen Aktiva. D'Gesellschaft ass 1992 an eng Aktiegesellschaft ëmgewandelt ginn an domat zum Deel privatiséiert, awer déi russesch Regierung hält indirekt ëmmer nach eng knapp Majoritéit vun den Aktien.

Gazprom

2008 goufe 549,7 Milliarde Kubikmeter Gas produzéiert, wat 17% vun der weltwäiter Produktioun entsprécht. Dozou huet d'Gesellschaft nach 32 Milliounen Tonne Pëtrol an 10,9 Milliounen Tonne Gaskondensat gefërdert. Ronn 445.000 Salariéen droen zu 10% vun der russescher Wirtschaftsleeschtung bäi.

Den Haaptsëtz vun der Entreprise ass zu Sankt Péitersbuerg. Donieft huet Gazprom e puer honnert Filialen a Russland an am Ausland déi se direkt oder indirekt besëtzt a kontrolléiert.

Doriwwer eraus ass Gazprom Besëtzer vum russesche Foussballveräin Senit St. Péitersbuerg an Haaptsponsor vum däitsche Bundesligist FC Schalke 04 a vum serbesche Superligist FK Roude Stär Belgrad.

Um Spaweck änneren