Luxembourg Pride

soziokulturelle Festival géint all Aart vun Diskriminatioun
(Virugeleet vu(n) Gaymat)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Luxembourg Pride, bis 2018 Gaymat, oder virdrun och Gay mat geschriwwen, ass e soziokulturelle Festival, deen zanter 1999 eemol d'Joer vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg organiséiert gëtt. De Festival, deem säi Programm sech mëttlerweil iwwer eng ganz Woch erstreckt an aus Filmvirféierungen a Konferenze besteet, schléisst mat enger Rei Concerten a Büneshowen um zweete Samschdeg am Juli offiziell of.

Offizielle Logo mat Motto fir d'Ausgab vun 2012
Offizielle Logo mat Motto fir d'Ausgab vun 2013
Den Ofschlossdag vum Gaymat-Festival am Joer 2011

Ufanks sollt Gaymat d'Gesellschaft op d'Problemer vun der lesbescher, lénkser, bisexueller an transgender Communautéit opmierksam maachen, haut ass et e Festival géint all Aart vun Diskriminatioun.

Wéinst der Covid Pandemie gouf d'Pride 2020 zu Esch annuléiert an et gouf eng an digitaler Versioun gemaach.

Aus Gaymat gëtt Luxembourg Pride änneren

D'Organisateure vum Queer-Festival hunn 2019 beschloss, den Numm vun der Veranstaltung z'änneren, absënns well déi vill auslännesch Visiteuren net verstinn fir wat d'Wuertspill „gaymat“ ((en) „gay (lénks) + (lb) „mat”, also géi mat) eigentlech steet[1].

Pride Week änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Pride Week geet zanter e puer Joer mat enger Commemoratiounszeremonie beim Musée de la Resistance lass. Déi Zeremonie besteet aus Riede vum President oder Presidentin vu Rosa Lëtzebuerg, Vertrieder vun der Escher Gemeng an och aneren Politiker.

Aner Evenementer an dëser Woch fannen och all zu Esch statt, dozou gehéieren eng Queer Movie Night an Diskussiounen, déi an der Kulturfabrik stattfannen. Des Weidere gëtt et och Ausstellungen an der Escher Gemeng an/oder am Escher Theater.

Reckbléck op de GayMat änneren

Joer Motto Plaz
1999 Homologation des droits Lëtzebuerg
2000 Liberté, Égalité, Diversité Lëtzebuerg
2001 Lénks leie geloss? Lëtzebuerg
2002 TrOUT Iech Lëtzebuerg
2003 Verliebt-Verpartnert-Verheiratet Lëtzebuerg
2004 GayMat wielen Lëtzebuerg
2005 GayMat weider Lëtzebuerg
2006 GayMat ons Lëtzebuerg
2007 Homokulturel Lëtzebuerg
2009 GayMat "...och fir eis!" Lëtzebuerg
2010 GayMat op Esch Esch-Uelzecht
2011 GayMat op Esch - reloaded Esch-Uelzecht
2012 GayMat bis un d'Ziel Esch-Uelzecht
2013 GayMat, eng Famill fir eis all! Esch-Uelzecht
2014 GayMat, Diversity meets Education Esch-Uelzecht
2015 GayMat, 4 #Human Rights Esch-Uelzecht
2017 GayMat „Stand Together“[2] Esch-Uelzecht
2018 GayMat "Open your Mind" Esch-Uelzecht
2019 Luxembourg Pride: "don't hide, be Pride!" Esch-Uelzecht
2020 Du bass net alleng Esch-Uelzecht
2021 Out & Loud ! Esch-Uelzecht
2022 Remix Diversity Esch-Uelzecht

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Aus Gaymat wird „Luxembourg Pride“: Wieso die Veranstaltung den Namen ändert, op tageblatt.lu den 20. Mäerz 2019
  2. GayMat: Zesumme si mer méi staark, Moien.lu, 10. Juli 2017