Gaston Carré (Schrëftsteller)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Schrëftsteller a Journalist Gaston Carré. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Gaston Carré.

De Gaston Carré, gebuer de 17. Mäerz 1955 zu Diedendorf am franséischen Departement Bas-Rhin, ass e franséische Schrëftsteller, Journalist a Psycholog.

Gaston Carré
Pseudonym Gaston Saint-Drome
Gebuer 17. Mäerz 1955
Diedendorf
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Psycholog

De Gaston Carré huet och ënner dem Pseudonym Gaston Saint-Drome geschriwwen.

1984 ass hien op Lëtzebuerg komm. Hien huet du bei der Dageszeitung Lëtzebuerger Journal als Journalist geschafft an och an der Wochenzeitung d'Letzeburger Land publizéiert. 2001 goung hie bei d'Voix du Luxembourg. Wéi dat Blat 2011 agestallt gouf, koum hien eriwwer bei d'Wort.

Wierker änneren

  • Carré, Gaston, 1985. Repères cliniques et théoriques pour une approche de l'héroïnomanie. Diff. Atelier de recherches sociales et urbaines, Luxembourg.
  • Carré, Gaston, 1991. Toxicomanie: repères cliniques et théoriques. 163 p., Éd. Lëtzebuerger Journal, Impr. Centrale, Luxembourg[1].
  • Carré, Gaston, 1999. Killing fields, les champs de l'obscène: 78 jours de guerre pour le Kosovo. 147 p., Éditions Phi Essais, Echternach.
  • Carré, Gaston, 1999. Du Geckenhaus à la flûte enchantée: difficile émancipation d'une psychiatrie luxembourgeoise en quête de modernité. Photos de Bernard Nockels. P. 539-547 in: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert: 1900-1999. G. Binsfeld, Luxembourg.
  • Carré, Gaston, 2001. Un accord en souffrance: Friedemann Bach ou l'impossible transgression. Roman. Ed. des Cahiers luxembourgeois, Béreldange; Ed. Memor, Bruxelles.
  • Carré, Gaston, 2003. Figures de la névrose ordinaire. Préf. de Claude Frisoni. 191 p., Ed. Saint-Paul. Luxembourg. ISBN 2-87963-463-6.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon