Gasmaschinn Nr.11 Déifferdeng

D'Gasmaschinn Nr. 11 op der Déifferdenger Schmelz, och einfach Groussgasmaschinn genannt, ass e Generator vun der Firma Ehrhardt & Sehmer vu Saarbrécken, dee mam Héichuewegas Stroum produzéiert huet, a gläichzäiteg iwwer Pompelen d'Loft an d'Héichiewe gepompelt huet. Se huet 4 Zylinder mat engem Hubraum vu jee 3000 Liter an eng Leeschtung vun 8 Megawatt (11.000 PS). Et ass dee gréisste 4-Zylinder-Gasmotor, dee jee gebaut gouf.[1]

Se gouf 1938 installéiert, an huet d'Hadir deemools 20 Millioune Frang kascht (d'Gasmaschinn selwer der 9). D'Maschinn steet an der Gasmotorenhal II, enger Hal, déi 1900 gebaut gouf an an där bis 1979 d'Energie fir d'Déifferdenger Schmelz produzéiert gouf. Wéi se opgeriicht gouf war se déi éischt vun hirer Aart iwwerhaapt.[1]

D'Hal an d'Gasmaschinn goufen de 25. Juli 2008 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2]

Eng Asbl mam Numm Groussgasmaschinn setzt sech dofir an datt se an engem Musée fir industriell Energiegeschicht soll integréiert ginn, deen um Héichueweplateau vun der Déifferdenger Schmelz entstoe soll.[1]

Literatur änneren

  • Peter Feist: "Differdinger Geschichten". d'Lëtzebuerger Land Nr. 20, 17. Mee 2013, S.31.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Feist (2013) an der Literatur.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).