D'Gare vu Pierrefonds oder och Pierrefonds-les-Bains zu Pierrefonds gouf tëscht 1883 an 1884 gebaut. Den Archtitekt war de Charles Lecoeur.

Gare vu Pierrefonds-les-Bains

D'Gare ass ganz am Haastee gebaut, an d'gebaute Fläch ass 732 m2, d'Fassad huet eng Längt vu 50 m. 1885 gouf eng Unterführung bäigebaut fir datt d'Läit solle besser op d'Quaie kommen. 1940 ass de leschte Persounenzuch gefuer an 1966 war et och mat de Marchandisenzich eriwwer. D'Gleiser sinn 1967 ewechgerappt ginn an am selwechte Joer de 4. Oktober gouf d'Gare als Historescht Monument klasséiert.

D'Gare huet zur Linn Amiens-Dijon, Sektioun Compiégne - Villers Cotterêts gehéiert. Si hat als Baugrondlag de Style nord 1ère classe enjolivé vun der Compagnie des chemins de fer du Nord

Um Spaweck änneren

Commons: Gare vu Pierrefonds – Biller, Videoen oder Audiodateien