Gare vu Cabeço de Vide

D'Gare vu Cabeço de Vide ass eng fréier Gare um Ramal de Portalegre, enger 64 km laanger Verbindungstreck tëscht der Linha de Évora an der Linha do Leste. Se läit am Weste vun der Uertschaft Cabeço de Vide an der Gemeng Fronteira.

Gare am Februar 2010

Zanter datt Eisebunnsstreck ausser Betrib ass gehéiert d'Gebai zu engem Estalagem (Hotel) de sech do etabléiert huet.

D'Gare déi fréier de Caminos de Ferro do Estado gehéiert huet, ass haaptsächlech bekannt wéinst hire schéinen Dekoratioune mat blo-wäisse Plättercher.