Gare Trooz
D'Gare vun Trooz (fr:Station de Trooz)ass enge Gare vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB op der Linn Linn 37.
Den Telegraphecode vun der Gare ass FRZ.
An der Gare vun Trooz halen d'Regionalzich 5257 - 5271, 5275 - 5291 an 8400. Interegionalzich sinn IR 5006, IR 5028 an IR 5016.
Well an der Gare vu Chaudfontaine keen Zuch méi hält, besteet vun Trooz aus e Busservice op déi Gare. Zich a Richtung Verviers sinn iwwer de Quai dee widder dem Statiounsgebai läit z'erreechen, fir Zich a Richtung Léck mussen d'Passagéier en Ëmwee ënner der Eisbunnsbréck vun der Nationale 61 maachen, déi tëscht der Gare an dem Tunnel vun Trooz läit.
Am Joer 2012 gouf d'Statiounsgebai dat an engem delabréierten Zoustand war komplett restauréiert.