D'Gare Naninne ass eng Gare vun der SNCB op der Eisebunnsstreck Sterpenech-Namouer, um p.k. 70.5 tëscht der Gare vu Courrière an där vun Namouer.

D'Gare Naninne am November 2010 gesinn
D'Gare Naninne a Richtung Arel gesinn

D'Gare huet zwéi Quaien op déi een iwwer de Gleisiwwergank direkt nieft der Gare Accès huet. Nieft der Gare ass e Parking fir ronn 20 Autoen deen net macadamiséiert ass. Den Accès op d'Quaien ass ouni Trapen, soudatt och Leit mat reduzéierter Mobilitéit kee Problem hu fir bei den Zuch ze kommen.