Gare Dippech-Reckeng

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare Dippech-Reckeng ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare Leideleng an der Gare Schuller vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Lieu-dit Dippecher Gare, no bei Reckeng op der Mess. Nieft der Gare ass d'Barriär op der N13. Dat fréiert Gebai gouf am Juli 2010 ofgerappt, wéi d'Eisebunnsstreck op zwee Gleiser ëmgebaut gouf.

Gare Dippech-Reckeng
D'Dräikantonstrooss um Lieu-dit Dippecher Gare, mat der CFL-Halt Dippech-Reckeng
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1900
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dippech
Uertschaft Dippech-Gare
Koordinaten 49°34'20,759"N, 5°59'42,868"O
Héicht i. M. 320 m
Reseau
Statiounscode Dr
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 7
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Gare Leideleng,
Gare Schuller
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Dippach-Reckange
Kaart
Lag vun der Gare Dippech-Reckeng
Fréiert Gebai vun der Gare Dippech-Recken (2010 ofgerappt)

An der Gare halen d'Zich (Regionalbunn a Regionalexpress) vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.

D'Gare Dippech-Recken huet e gratis Park & Rail-Parking mat 70 Parkplazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.[1]

Geschicht

änneren

D'Gare Dippech-Reckeng ass den 8. August 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf.

Zënter Abrëll 1994 ginn d'Signaler an d'Weiche vum zentrale Stellwierk an der Stad aus gesteiert an Enn 1995 war et fir zerguttst mam Billjeesverkaf an der Gare eriwwer.

Dat fréiert Gebai vun der Gare ass am Juli 2010 ewechgerappt ginn, wéi d'Streck an der Gare zweegleiseg ausgebaut gouf.

Chef de Garen zu Dippech-Reckeng
Vu(n) Bis Chef de Gare
(1909) 1911 A. Trierweiler
1911 1914 J. P. Thill
1915 1921 ? Braun
1922 1932 J. P. Bollendorf
1933 1940 Jos. Bisenius
(1947) Louis Oberweis
1953 Victor Grégoire
1954 1955 Pierre Wagner
1956 1964 J. P. Reckinger
1965 1974 Jean Streitz
1975 1982 Edouard Bohler

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem/Lonkech

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Leideleng   RB   Schuller Attem
Lëtzebuerg Hollerech   RE   Nidderkäerjeng-Suessem Lonkech
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Attem Schuller   RB   Leideleng Lëtzebuerg
Lonkech Nidderkäerjeng-Suessem   RE   Hollerech Lëtzebuerg

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Dippech-Reckeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)CFL | Dippach-Reckange. www.cfl.lu. Gekuckt de(n) 01.02.2025.
  • Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen: direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 164-169)