Gare Belval-Université
D'Gare Belval-Université ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Belval an der Sektioun Esch-Nord vun der Gemeng Esch-Uelzecht a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
![]() D'Gare Belval-Université (2024) | |
ass eng | Suedelgare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | November 2006 |
genannt no | Belval, Universitéit vu Lëtzebuerg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Koordinaten | 49°29'58,312"N, 5°56'46,644"O |
Héicht i. M. | 308 m |
Reseau | |
Bedreiwer | CFL |
P.K. | 12,444 km |
Gleiser | 6 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Esch-Uelzecht, Gare Belval-Lycée |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-fr/network/station/gare-de-belval-universite |
![]() | |



Se läit tëscht der Gare Esch-Uelzecht an der Gare Belval-Lycée.
Direkt nieft der Gare läit um Territoire vun der Gemeng Suessem d'Parkhaus Belval-Université mat iwwer 1.400 Plazen. Et gëtt ë. a. 33 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, 54 Plaze fir Elektroautoen, 10 „Famillje-Plazen“, asw. Bei der Gare gëtt et och zwou Bikeboxe fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.
Nieft der Gare ass d'Busgare Belval-Université wou een Uschloss op d'TICE-Linn 3 an d'RGTR-Linne 551, 605 a 642 huet.
Déi ursprénglech Gare op där Plaz huet Belval-Usines geheescht, se gouf duerno[Wéini?] op Belval-Usines Rockhal ëmgedeeft an huet den aktuellen Numm zënter dem 14. Dezember 2008.
Geschicht a Gebai
ännerenD'Gare Belval-Wierk war eng Halt, déi virun allem fir d'Aarbechter vun der Schmelz ageriicht gi war. Si bestoung aus engem Quai an zwéi Gleiser[1]. Eng Passerell huet eng Verbindung mam Belval am Norden an der Rue de Belval am Süde gemaach.
Den 9. November 2006 war de symboleschen éischte Spuetstéch vum neie Gebai[2], dat bis September 2010 eng ronn 200 m, an Direktioun Esch, vun der fréierer Gare ewech gebaut gouf. Architekt war de Jim Clemes. D'Baukäschte waren op 60 Milliounen Euro ugeluecht. D'Gebai huet en Daach, deen aus ETFE-Folie besteet.[3]
Ier d'Gebai, dat dem Architekt no engem Mued oder enger Raup gläiche géif[4], gebaut konnt ginn, hu missen eng Strooss an Héichspannungskabele verluecht ginn, a souguer d'Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg huet misse liicht verréckelt ginn.
Dat neit Gebai gouf den 28. September 2010 a Presenz vum Groussherzog Henri a senger Madamm, dem Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, Claude Wiseler, dem Verwaltungsrotspresident vun der CFL, Jeannot Waringo, dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer, dem Architekt Jim Clemes an de Buergermeeschtere vun Esch a Suessem, ageweit.[5]
D'Entrée ass südlech vun de Gleiser, an der Belvaler Strooss, nieft der Busgare. Et kënnt een och iwwer dräi Passerellen an d'Gare, déi op Pilieren iwwer de Gleiser gebaut ass: vun Norden, vun der Rockhal a vum Belval Plaza hier, vu Süde vum Park & Rail-Parking.[3]
Am Februar 2009 huet d'CFL fir 2020 ronn 32.000 Passagéier den Dag prognostizéiert[3]. Dem digitale Mobilitéitsobservatoire no gouf am Joer 2022 eng Dagesmoyenne vu 4.783 Passagéier gezielt[6].
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Abrëll 2025)
Aller
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Esch-Uelzecht | RE | Déifferdeng | Rodange oder | ||
Lëtzebuerg | Esch-Uelzecht | RB | Belval-Lycée | Rodange oder | ||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodangeänneren | ||||||
Ëlwen | Esch-Uelzecht | RE | Déifferdeng | Rodange | ||
Miersch | Esch-Uelzecht | RE | Belval-Lycée | Péiteng |
Retour
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Literatur
änneren- Michel Clees, Annick Sinner: D'Gare vu Belval, Éd. Guy Binsfeld, 2008, 23 S., ISBN 978-2-87954-202-7
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Belval-Université – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ „Belval-Usines“ gëtt vun der Eisebunnsverwaltung nach als betriblech Gare an Ofstellplaz fir de Giddertransport um PK 13,428 gefouert, cf:
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0.
- ↑ (de)Blog. d'Lëtzebuerger Land, 53. Jg., nº 45 S. 4 (10.11.2006). Gekuckt de(n) 22.04.2025.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 "Großer Bahnhof auf Belval." wort.lu 10.02.2009.
- ↑ "belval usines". in: magazine. Le magazine du Fonds Belval 3/2004, S.20-25.
- ↑ "Zweitgrößter Bahnhof des Landes wird offiziell eröffnet". tageblatt.lu, 28/09/2010 07:47:00; "Futuristische Raupe für die Zukunft Belvals" tageblatt.lu, 28/09/2010 21:47:00. "'Tor zu Belval' eröffnet." wort.lu, 28.09.2010 18:18, aktualiséiert 28.09.2010 20:14. "Belval-Université: le train entre en gare." lequotidien.lu, 29/09/2010 08:40:00. Op rtl.lu sinn och eng sëllege Fotoe vum René Scho dozou ze gesinn.
- ↑ (fr)Moyenne journalière (lu-ve) 4 783 montées + descentes par jour en 2022 (fir all d'Garen "Belval" zesummen). Observatoire digital de la mobilité. odm.public.lu (2022). Gekuckt de(n) 22.04.2025.