Galaktesche Koordinatesystem

De galaktesche Koordinatesystem ass ee vun de Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn (kuckt Astronomesch Koordinatesystemer). En hëlleft bei d'Ënnersichunge vum Mëllechstroossesystem.

Längtegrade vum galaktesche Koordinatesystem
De galaktesche Koordinatesystem huet d'Sonn als Ursprong. D'galaktesch Breet ass de Wénkel tëscht dem galaktesche Plang an dem Objet. D'galaktesch Längt gëtt um galaktesche Plang a Bezuch zur Richtung Sonn - Galakteschen Zentrum gemooss.

Bezuchsfläch vum galaktesche Koordinatesystem ass de Plang vun der Mëllechstrooss, Nullpunkt ass d'Sonn. D'galaktesch Längt gëtt op dësem Plang géint dem Auerzäresënn gemooss. D'galaktesch Breet gëtt heizou vertikal gemooss, no Norde positiv an no Süden negativ.

Am Joer 1958 goufen déi haiteg galaktesch Koordinaten international agefouert a mat den equatoriale Koordinaten (Bezunn op d'Bessel-Epoch B1950.0) vum galakteschen Nordpol mat  = 12h 49min an  = +27,40° festgeluecht. D'galaktesch Längt gëtt vum galakteschen Zentrum aus  = 17h 42.4min an  = −28,92° gezielt, de galaktesche Plang steet an engem Wénkel vun 62,6° zum Himmelsequator. Nom Festleeë vum galaktesche Koordinatesystem huet sech erausgestallt, datt den tatsächleche galakteschen Zentrum op der Plaz vun der Radioquell Sagittarius A* ongeféier 0,07° nieft dem Nullpunkt vun de galaktesche Koordinate läit. Déi 1958 agefouert galaktesch Koordinate ginn trotzdeem weider gebraucht.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie