Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer

(Virugeleet vu(n) Gaart an Heem)
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer, ofgekierzt CTF, op Lëtzebuergesch och alt Gaart an Heem, ass eng lëtzebuergesch Liga déi sech fir d'Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung asetzt.

Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
Ofkierzung CTF
Zweck Fërdere vum Gaart- an Uebstubau als Fräizäitbeschäftegung
Grënnungsdatum 1928
Memberen 19.511 (2018)
Sëtz 97, rue de Bonnevoie,
Lëtzebuerg
President Martine Mergen

Duerch e Règlement ministériel ass se zanter 1993 als staatlech Naturschutzvereenegung unerkannt.

Geschicht änneren

 
Zu Beggen: Gaart an Heem.

D'Liga ass 1928 aus der Fusioun vun den dräi Associatiounen „Coin de Terre et du Foyer“, „Cercle Horticole“ an „Amis de la Fleur“ entstanen. Se setzt sech aus lokale Sektiounen, déi als landwirtschaftlech Genossenschafte unerkannt sinn, zesummen. E puer vun dëse Sektiounen hu sech mëttlerweil als Asbl registréiere gelooss an op de Privileeg vun der landwirtschaftlecher Genossenschaft verzicht.

2018 bestoung d'Liga aus 111 Sektioune mat ronn 19.511 Memberen[1].

Gaart an Heem (Zäitschrëft) änneren

Ligue luxembourgeoise du coin de terre et du foyer
Typ Zäitschrëft
Land   Lëtzebuerg
Sujeten Gaardenaarbecht
Websäit ctf.lu
 

D'CTF gëtt eng Zäitschrëft fir hir Memberen eraus, déi Gaart an Heem heescht, sou wéi d'Liga am Volleksmond genannt gëtt. Si kënnt sechsmol d'Joer eraus.

Um Spaweck änneren

Commons: Gaart an Heem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Organigramm op der Websäit vum Gaart an Heem, fir d'lescht gekuckt de 15. August 2018