Fruktos

cheemesch Verbindung
Fruktos
Fruktos
Systemateschen Numm (IUPAC) Fruktos
Trivialen Numm Fruuchtzocker
Cheemesch Formel C6H12O6
Ausgesinn / Geroch wäisse kristallege Feststoff
Eegenschaften
Dicht 1,65 g/cm³
Léislechkeet gutt am Waasser an am Aceton
Agregatzoustand fest
Molmass 180,16 g/mol
Schmëlzpunkt 100-104 °C
Thermodynamesch Daten
Weideres

Fruktos (oder Fruuchtzocker) ass en Eefachzocker (oder Monosaccharid), dee séiss schmaacht an deen am Hunneg an am Uebst virkënnt. En ass awer och e Bestanddeel vu verschiddenen Zockeraarten an ass och als Séissmëttel ze brauchen.

EegenschaftenÄnneren

Am Verglach zur Glukos, gëtt d'Fruktos nëmme ganz lues vum Dënndaarm resorbéiert. De Bluttzockerspigel geet dofir ganz lues an d'Luucht.

Virdeel vum Fruuchtzocker ass, datt fir de Stoffwiessel keen Insulin gebraucht gëtt an dofir vun Diabetiker benotzt ka ginn. Trotzdeem soll de Fruuchtzocker vun Diabetes mellitus Patienten a Moosse geholl ginn, well een Deel dovun, vun der Liewer a vun den Nieren a Glukos ëmgewandelt gëtt.

GesondheetswäertÄnneren

De Fruuchtzocker ass och net méi gesond wéi den einfachen Haushaltszocker, well genee sou vill Energie a keng wichteg Nierstoffer dra sinn.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Fructose – Biller, Videoen oder Audiodateien