Frome (Jamaika)
Frome ass eng Uertschaft op Jamaika mat zirka 1000 Awunner (Stand: Abrëll 2011)[1], am Landkrees Westmoreland. Frome läit op der sougenannter Westmoreland-Zockerceinture an ass deemno duerch seng grouss Zockerfabréck bekannt.[2] Déi nooste Stied sinn, 3 km nërdlech Grange Hill an 10 km südlech Savanna-la-Mar.
Frome ass ëm 1675 gegrënnt, wéi ënner dem Gouverneur Lord Vaughan Dausende vun Awanderer aus Surinam komm sinn, fir Zockerrouer unzeplanzen.[3]