Fritz Cohn

däitschen Astronom

De Fritz Cohn, gebuer den 12. Mee 1866 zu Königsberg a gestuerwen de 14. Dezember 1922 zu Berlin, war en däitschen Astronom.

Fritz Cohn
Gebuer 12. Mee 1866
Königsberg
Gestuerwen 14. Dezember 1921
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Akademiker

De Cohn huet fréi säi Papp verluer an huet vun 1883 un un den Universitéite vu Königsberg a Berlin studéiert. 1888 huet hien zu Königsberg de Staatsexame gemaach. An de Joren 1891 bis 1898 war hie Rechner um Observatoire vu Königsberg (ënnerbrach vun enger kuerzer Zäit um Observatoire Leipzig), hie gouf 1898 Assistent an 1900 Observateur. Vun 1893 u war hie Professer op der Universitéit Königsberg, wou hien dann 1895 eng ausseruerdentlech Professur krut. Vun 1909 u war hien Direkter vum Astronomesche Recheninstitut Berlin, wou hie sech ënner anerem mat der Bunnbestëmmung vun den Asteroide beschäftegt huet. De Cohn ass un engem Motumor gestuerwen.

Vun 1916 bis 1922 huet hien den Astronomesche Joresbericht erausginn. An Artikele fir d'Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften huet hien iwwer astronomesch Observatiounsmiessinstrumenter a -feeler, an och iwwer d'Reduktioun vun astronomesche Miessdate geschriwwen.

Literatur änneren

  • Noruff vum P. Neugebauer, Popular Astronomy Bd.31, 1923, S.293
  • Cohn Die neueren Methoden der Bahnbestimmung, Vierteljahresschrift der Astronomischen Gesellschaft, Bd.53, 1918, S.27

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie