D'Frisebréck war eng Eisebunnsbréck iwwer d'Ems tëscht der ostfrisescher Stad Weener an der Gemeng Westoverledingen op der sougenannter 173 km laanger Wunderlinie, déi vun Ihrhove op Groningen féiert..

Frisebréck
Geographie
Land Däitschland
Plaz Westoverledingen
Weener
Koordinaten 53°9'41,0"N, 7°22'21,0"O
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Gleiser 1
Féiert iwwer Ems
Technesch Detailer
Bréckentyp Fachwierkbréck
(Fuerbunn ënnen)
Totallängt 335
Felder/Béi 4 iwwer der Ems
3 um Land
Feldbreet(en) 53,3 - 29,1 - 5 × 50,6
Héicht 7,3 m iwwer N.N. (Schinnenhéicht)
Material Stol
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vun 1876
Opgaangen 1926
Ofgerappt 2022
Zerstéiert 1945
Frësch opgeriicht 1950 - 1951
Ersat vun Bréck vun 2025
Architekt(en)
Konzeptioun
Bauindustrie Paul Borchardt

D'Bréck gouf vun 1924 bis 1926 gebaut a war 335 Meter laang. Ee Feld vun der Bréck war eng Rullklappbréck, déi aner ware fest an aus Fachwierkträger am Gerbersystem gebaut. De mëttelste Fossdeel konnt fir méi breet Schëffer ausgebaut ginn.

Dës Bréck huet eng al Dréibréck vun 1876 ersat. Am Zweete Weltkrich gouf d'Bréck zerstéiert an 1950-51 erëm opgebaut.

D'Bréck gouf bei engem Accident am Dezember 2015 beschiedegt wéi d'Küsteschëff Emsmoon dragerannt war. 2022 gouf s'ewechgerappt an am Laf vun 2024-2025 mat enger neier Hiefdréibréck ersat. [1][2][3]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Frisebréck (2025).

Um Spaweck

änneren
Commons: Loftbiller vun der Frisebréck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Biller vun der beschidegter Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Biller allgemeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Friesenbrücke in Weener unsachgemäB geöffnet. - Seite 22 - Forum Schiff. www.forum-schiff.de. Gekuckt de(n) 2024-07-30.
  2. (de)Rheiderland Zeitung, Brückenteil auf Weg nach Weener. Rheiderland.de (2015). Gekuckt de(n) 2024-07-31.
  3. (de)Rheiderland Zeitung, Brückenteil verspätet sich. Rheiderland.de (2024-07-27). Gekuckt de(n) 2024-07-31.