D'Friesebréck ass eng Eisebunnsbréck iwwer d'Ems tëscht der ostfriesescher Stad Weener an der Gemeng Westoverledingen.

Friesebréck iwwer d'Ems

D'Bréck gouf vun 1924 bis 1926 gebaut an ass 335 Meter laang. Ee Feld vun der Bréck ass eng Rullklappbréck, déi aner si fest an aus Fachwierkträger gebaut. Dës Bréck huet eng al Dréibréck vun 1876 ersat. Am Zweete Weltkrich gouf d'Bréck zerstéiert an 1950-51 erëm opgebaut.

D'Bréck gouf duerch en Accident am Dezember 2015 beschiedegt an 2022 ewechgerappt.

beschiedegt Bréck am August 2018

Um Spaweck änneren