Freiheit (Zeitung)
D'Freiheit war eng kuerzlieweg däitschsproocheg Zeitung zu Lëtzebuerg, déi 1910 an 1911 erauskoum. Hiren Ënnertitel war Sozialistisches Organ für die Interessen des werktätigen Volkes.[1].
Typ | Zeitung |
---|---|
Sprooch | Däitsch |
Éischt Ausgab | 18. Dezember 1910 |
Lescht Ausgab | 1911 |
Land | Lëtzebuerg |
Chefredakter | Georges Droessaert |
Si gouf vum Georges Droessaert gegrënnt, deen 1903 schonn d'Zeitung Der arme Teufel matgegrënnt hat. Hien hat déi 1910 verlooss well se him net revolutionär genuch war.[1] D'Freiheit gëtt vun Historiker deelweis als anarchistesch beschriwwen,[1][2],[3]. mä huet sech selwer ass revolutionär-sozialistesch, antipatriotesch, antimilitaristesch, gewerkschaftlech a fräidenkend bezeechent.[2].[4].
D'Redaktioun war dem Generalstreik, direkten Aktiounen, der Obstruktioun souwéi der Fuussejuegd (dat heescht der Juegd op Streikbriecher) favorabel agestallt an huet sech fir d'Trennung vu Kierch a Staat ausgeschwat.[4]
Déi éischt Ausgab koum den 18. Dezember 1910 eraus.[2] Administrateur war den Nidderkuerer J. P. Schütz a Redakter den Déifferdenger Georges Droessaert.[1]
An de Lëtzebuerger Nationalarchiven ass nëmmen déi éischt Ausgab ze fannen.[2] D'Schwäizer Zeitung La voix du peuple huet am Abrëll 1911 geschriwwen:[5].
- Le journal Freiheit, l'organe syndicaliste et socialiste de Differdingen, dans le grand-duché du Luxembourg, dont nous avons annoncé l'apparition il y a quelques semaines à peine, devra disparaître momentanément. Dans le numéro 15, la rédaction dit aux lecteurs « non pas un adieu, mais un au revoir ». Notons surtout que le rédacteur, le camarade Georges Droessaert est tombé sérieusement malade.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Roby Fleischhauer: Georges Droessaert, der unbeugsame Revolutionär, in Déifferdang Magazin, Nr. 01/2015, Säite 16-17
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Frédéric Krier, Anarchisme(s) au Luxembourg dans l'entre-deux-guerres. Contre le fascisme, le communisme… et la démocratie parlementaire in Études luxembourgeoises / Luxemburg-Studien, "Identitätsbildung und Partizipation im 19. und 20. Jahrhundert", Nr. 12, Säit 277-278
- ↑ Romain Hilgert: Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Säit 166
- ↑ 4,0 4,1 Mouvement ouvrier international, in La voix du peuple, 18. Februar 1911
- ↑ Mouvement ouvrier international, in La voix du peuple, 8. Abrëll 1911