Frederica Sagor Maas

amerikanesch Schrëftstellerin
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Frederica Alexandrina "Freddie" Sagor Maas, och Frederica Maas, gebuer Frederica Zagosky de 6. Juli 1900 an der Stad New York am Bundesstaat New York a gestuerwen de 5. Januar 1912 zu La Mesa am Bundesstaat Kalifornien, war eng US-amerikanesch Dréibuchauteurin a Memoiristin[1].

Frederica Sagor Maas
Gebuertsnumm Frederica Alexandrina Sagor
Gebuer 6. Juli 1900
New York
Gestuerwen 5. Januar 2012
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University
Aktivitéit Dréibuchauteur, Dramatiker, Journalist, Autobiograph, Essayist, Schrëftsteller

Si huet op der Columbia University Journalismus studéiert[2]. D'Sagor Maas huet als Dréibuchautorin an der Stommfilm-Ära geschafft, a gouf ënner anerem mat hirer Dréibuch fir de Film The Plastic Age (1925) bekannt. Hir spéider Wierk mat dem notoresche Musicalfilm The Shocking Miss Pilgrim (1947) war déi lescht Wierk vun der Sagor Maas fir Hollywood, allerdéngs hat hir Karriär zu Hollywood Problemer éischter an den 1930er Joren[3].

1999 huet si hir Autobiographie The Shocking Miss Pilgrim: A Writer in Early Hollywood geschriwwen. Dës Buch war erfollegräich, et ëmfaasst ënner anerem schlëmm Kritik vun der (aler) Hollywooder Filmindustrie[4] mat hirem Sexismus a mat aneren Diskriminatiounen[5].

Si war vun 1927 bis 1986 mam och fréieren Hollywooder Dréibuchauteur Ernest Maas bestuet[1]. No der Karriär am Film huet si als Assurancenagentin geschafft. D'Frederica Sagor Maas war Supercentenaire an ass am Alter vun 111 Joer gestuerwen[2]. Déi fréier Dréibuchautorin war eng vun déi eelst Entertainerinnen, déi jee gelieft huet[6].

Filmographie als Dréibuchautorin (Auswiel) änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://www.imdb.com/name/nm0756226/bio?ref_=nm_ov_bio_sm
  2. 2,0 2,1 http://www.latimes.com/local/obituaries/la-me-frederica-maas-20120107-story.html
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2018-03-05. Gekuckt de(n) 2018-03-05.
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2014-03-08. Gekuckt de(n) 2014-03-08.
  5. https://elpais.com/diario/2012/01/22/necrologicas/1327186802_850215.html
  6. Gladysz, Thomas (July 7, 2010). "Screenwriter Frederica Sagor Maas turns 110". San Francisco Examiner.