Fred Berend

lëtzebuergesche Schachspiller

De Fred Berend, gebuer de 25. Mäerz 1965, ass e lëtzebuergesche Schachspiller an -trainer, dee fir de Cercle des échecs Dudelange spillt (Saison 2009/2010). 1994 krut hien den Titel vum Internationale Meeschter.

Fred Berend
Gebuer 25. Mäerz 1965
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schachspiller
Huet matgemaach bei Schacholympiad 2014, Schacholympiad 2008, Schacholympiad 2006, Schacholympiad 2004, Schacholympiad 1996, Schacholympiad 1994, Schacholympiad 1992, Schacholympiad 1990, Schacholympiad 1988
Aktuell
Elo-Zuel
2.249 (Juli 2024)
Famill
Bestuet mat Elvira Berend

Seng maximal erreecht Elo-Zuel louch bei 2.425 (Januar/Juli 1996)[1]; am Juli 2012 louch dës bei 2.373[2], woumat hien dunn deen drëttstäerkste lëtzebuergesche Schachspiller war. Am Juli 2010 stoung hien op Plaz 2.671 vun der Weltranglëscht.[3]

Seng Fra Elvira ass och Schachspillerin. Hien huet 2 Kanner.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. http://www.benoni.de/schach/elo/his_e.html?id=4000102
  2. http://ratings.fide.com/id.phtml?event=4000102
  3. http://ratings.fide.com/card.phtml?event=4000102