Franz Joseph Gall

däitschen Dokter an Neuroanatom

De Franz Joseph Gall, gebuer den 9. Mäerz 1758 zu Tiefenbronn bei Pforzheim a Baden, a gestuerwen den 22. August 1828 zu Montrouge bei Paräis am Departement Hauts-de-Seine, war en däitschen Dokter an Neuroanatom.

Franz Joseph Gall
Gebuer 9. Mäerz 1758
Tiefenbronn
Gestuerwen 22. August 1828
Montrouge
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Dokter, Neurowëssenschaftler, Neurolog
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Gall hat Medezin zu Wien studéiert, wou hien och praktizéiert a Course gehalen huet. Hie war duerch seng Etüden dovun iwwerzeegt, datt d'Gehier de Sëtz vum Geescht wier, an datt d'Grouss-Gehier-Schuel net eenheetlech opgebaut wier. Ëm 1800 huet hien d'Cranioscopie entwéckelt opgrond vun där hien dovun ausgaangen ass, datt sech bestëmmt geeschteg Talenter duerch d'Analys vun der Kappfläch kéinte feststelle loossen. Säin Nofollger, de Johann Pfurzheim huet spéider déi Method Phrenologie genannt.

Mat senge materialisteschen Usiichten iwwer d'Denken huet en natierlech d'Kathoulesch Kierch géint sech opbruecht. 1805 huet de Gall Wien misse verloossen an ass op Paräis geplënnert. Mä och do war de Gall net grad wëllkomm, well hien net experimentell geschafft huet, konnt hie seng Kolleegen net iwwerzeegen.

Méi beléift ware seng Theorien an England, wou déi bessergestallte Leit op eng Thees gewaart haten, déi hinne beleeë kéint, datt déi Ënnerdréckt an hire Kolonien "Ënnermënsche" wieren.

De Gall huet d'Fuesestruktur vum Gehier entdeckt.

Literatur zum Theema änneren

  • F. J. Gall, J. K. Spurzheim: Untersuchungen ueber die Anatomie der Nervensystems ueberhaupt, und des Gehirns insbesondere. Ein dem französischen Institut überreichtes Mémoire. Nebst dem Berichte der H. H. Commissaire des Institutes und den Bemerkungen der Verfasser über diesen Bericht (1809). Mat enger Aleedung erausgi vum S. Oehler-Klein. Hildesheim, Zürich, New York 2001(= Historia scientiarum).
  • Der Sinn des Tiegers Zur Rezeption der Hirn- und Schädellehre Franz Joseph Galls im Werk Georg Büchners. In: Georg Büchner Jahrbuch 5 (1985), S. 18-51.
  • Die Schädellehre Franz Joseph Galls in Literatur und Kritik des 19. Jahrhunderts. Stuttgart, New York 1990 (= Soemmerring-Forschungen, Bd. 8).

Um Spaweck änneren