De François Schlechter, gebuer den 9. Mee 1933 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 20. Mäerz 2015[1], war e fréiere lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.[2]

François Schlechter
Gebuer 9. Mee 1933
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Mäerz 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler
Gréisst 167 Zentimeter
Gewiicht 57 kg

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden,[3] wou hie sech an der Bantamgewiichtklass (bis 60 kg) als Leschte vun 28 Ringer klasséiert huet.[4]

Lëtzebuerg huet 4 Ringer op Roum geschéckt, de Schlechter war mat 27 Joer den eelste vun hinnen (déi aner dräi waren de Bernard Philippe, de Jean Claude Schintgen an de Raymond Schummer).

Gielchen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am LW vum 23.Mäerz 2015
  2. De François Schlechter op der Websäit vu sports-reference.com
  3. De François Schlechter op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Wrestling op den Olympesche Summerspiller 1960 op der Websäit vu sports-reference.com