Fréiert Direktiounsgebai Arbed Mines

Arbeds-Gabai zu Esch

Dat Fréiert Direktiounsgebai vun Arbed Mines an der Avenue des Terres-Rouges ass e Gebai zu Esch-Uelzecht am Quartier Grenz.

Fréiert Direktiounsgebai
vun Arbed-Mines
Koordinaten 49° 29’ 22.08’’ N
      05° 58’ 31.33’’ O
Architekt(en) Paul Tafel

Geschicht änneren

D'Gebai gouf 1912 opgeriicht fir d'Verwaltung an d'Direktioun vun der Gelsenkirchener Bergwerks-A.G. (spéider Terres Rouges), dono vun Arbed-Mines.

Vun 1992 bis 2023 war du Luxcontrol dran. No Ëmbauaarbechte huet do vun 2024 un den neigeschafenen Département Patrimoine historique et industriel vun der Stad Esch-Uelzecht säi Sëtz.

Département Patrimoine historique et industriel änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Mäez 2023 huet den Escher Gemengerot decidéiert, eng nei Verwaltungsstruktur ze schafen, den Département Patrimoine historique et industriel. Dësen huet dräi Haaptthemen: Fotothéik, Industrie-Patrimoine an d'Archiver vun der Stad Esch.[1]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Eschs junger Historiker und der Neustart um das Stadterbe." wort.lu [w+], 14.04.2023.