Foussgängerbréck vu Gentingen
D'Foussgängerbréck vu Gentingen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our. Si gouf 1972 am Kader vum Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark gebaut, fir de Spadséiergänger op der Hallschent tëscht Ruet op der Our a Wallendorf eng Méiglechkeet ze gi fir iwwer d'Baach ze kommen. Se steet um Flosskilometer 5,160.
Geographie | |
---|---|
Land |
Lëtzebuerg Däitschland |
Plaz |
Bëttel Gentingen |
Flosskilometer | 5,160 |
Koordinaten |
49° 53’ 57.3’’ N 06° 14’ 07.1’’ O |
Chronologie | |
Baujoer | 1972 |
Funktioun | |
Benotzt als | Spadséierwee |
Féiert iwwer | Our |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Dunnebréck am T |
Längt tëscht Widderlager | 42,00 m |
Felder/Béi | 3 |
Feldbreet(en) | 18,00 - 18,50 - 5,50 m |
Material |
Arméierte Bëtong (virgespaant an T-Form) |
Bemierkungen | |
Bauhär | Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark |
Tëscht de Widderlager huet d'Bréck eng Längt vun 42 Meter.
D'Nopeschbrécke sinn d'Ourbréck zu Wallendorf (flossof) an d'Bréck vu Bëttel (flossop).
Kuckt och änneren
Literatur änneren
- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 375-394.