Folschter Baach

lëtzebuergesch Baach
(Virugeleet vu(n) Foulschterbaach)

D'Folschter Baach ass eng kleng Baach am Kanton Réiden, an der Gemeng Rammerech.

Si huet hir Quell op enger Héicht vu 463 Meter op der Hallschent vun enger geduechter Linn vu Schwiddelbruch op de Réidingshaff.

Vun do aus leeft se no Süden duerch eng Griecht am Kesselbësch a lénks laanscht d'Houscht, zwéi Bëscher déi zesummenhänken an déi tëscht Folscht an Éischt leien.

An dësem Bëschmassif lafe vu riets a lénks a puer kleng Bachen dran, déi ausser der Kesselbaach keen Numm hunn.

No engem Laf vun 2.600 Meter kritt se vu riets hir éischt gréisser Niewebaach, d'Dillesbach déi hir Quell südlech vu Schwiddelbruch op enger Héicht vu 465 Meter (ACT) huet.

Déi zwou lafen dann zesumme weider no Südosten, fir ronn 800 Meter virun der Horas mat der Hueschterbaach zesummenzelafen, an déi zwou zesumme vun do aus Roudbaach heeschen.

D'Folschter Baach huet eng Totallängt vu 7.550 Meter.

D'Quellgebitt vun der Folschter Baach no Süde gekuckt
D'Quellgebitt vun der Folschter Baach no Norde gekuckt

Kuckt och änneren