D'Fornax-Zwerggalaxis (Katalogbezeechnungen ESO 356-04 an MCG -06-07-001) ass eng kleng elliptesch Galaxis vum (Typ dE2) am Stärebild Fornax (Cheemeschen Uewen). D'Galaxis gehéiert zu der Lokaler Grupp an ass nëmme 450.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Si huet eng Hellegkeet vu +9,30 mag an eng Wénkelausdehnung vu 17' × 12'. Wéinst hirer niddreger Flächenhellegkeet gouf d'Zwerggalaxis eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley entdeckt.

Foto vun der Zwerggalaxis Fornax

An der Zwerggalaxis si sechs Kugelstärekéip. De gréissten dorënner ass den NGC 1049. Hie gouf nach virun der Galaxis selwer entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie