Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bei der Fondue gëtt et verschidde Formen.

Kéisfondue

Kéisfondue änneren

Déi Schwäizer Kéisfondue besteet aus geschmoltem Kéis. De Kéis gëtt an engem sougenannte Caquelon, engem Dëppen aus Toun oder Goss geschmolt, woubäi de Caquelon mat Knuewelek ageriwwe gouf ier de Kéis dra kënnt.

Et gëtt verschidde Rezepter. Mä ëmmer gëtt de Kéis mat enger Forschett op där e Stéck Brout opgespiisst gëtt an d'Fondue gezappt an erausgefëscht.

E gudde Rot: Déi Geschicht vum Kirsch bei der Kéisfondue ass kee Märchen. Dat hëlleft wierklech besser ze verdauen. Soss huet een herno eppes wéi e Steen am Mo leien.

Fondue Bourguignonne änneren

Bei der Fondue Bourguignonne gi Stécker Fleesch (dacks Rëndfleesch, mä d'kann een och aner Zorten huelen) mat der Fonduesforschett a gliddegt Fett zezappt a brode gelooss. Heibäi gi verschidden Zose fir bei d'Fleesch zerwéiert, souwéi och verschidden Zaloten.

Fondue Vigneronne / Fondue Bacchus änneren

D'Fondue Vigneronne an d'Fondue Bacchus gi mat waarmem Wäi gemaach oder mat enger Mëschung aus Wäin a Britt. D'Fondue Vigneronne gëtt haaptsächlech mat roudem Wäi gemaach (eng Mëschung vu wäissem a rouden ass och méiglech), d'Fondue Bacchus mat wäissem oder Rosé. Dozou kënnt da nach Geméis (Ënn, Lorbier, Neelcheskäpp, Muert, Porrett an Zellerie). Wéi bei der Fondue bourguignonne kann een ausser Rëndfleesch och nach anert Fleesch huelen.

Fondue Chinoise änneren

Séiss Fondueen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fondue – Biller, Videoen oder Audiodateien