D'Caritas Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch kathoulesch karitativ Organisatioun, déi 1932 gegrënnt ginn ass an en Deel vum internationalen Netzwierk Caritas Internationalis ass.

Logo vun der Caritas Lëtzebuerg

Geschicht änneren

 
Caritas Lëztebuerg

D'Caritas zu Lëtzebuerg ass de 14. Dezember 1932 als Federatioun vun de kathoulesche karitative Wierker[1] gegrënnt ginn. Aktuell (2016) setzt sech d'Caritas Lëtzebuerg aus follgenden Organisatiounen zesummen:

  • Fondation Caritas Luxembourg: International Zesummenaarbecht an Humanitär Hëllef; Hëllef fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
  • Caritas Accueil et Solidarité a.s.b.l. : Hëllef fir Leit op der Strooss (Foyer Ulysse, Éilerenger Wäschbuer)
  • Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.: Maison relais, Crèchen
  • Caritas Enfants et Familles a.s.b.l.: Crèche vun der Assurance LaLux

Presidentin vun der Fondation Caritas Luxembourg ass zënter 2013 d'Marie-Josée Jacobs.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Caritas in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. fr: Fédération luxembourgeoise des œuvre catholiques de charité / de: Katholischer Luxemburger Caritasverband
  2. wort.lu: Marie-Josée Jacobs prend la tête de Caritas Luxembourg (13. Dezember 2013)